D’Zousazkrankeversécherung, déi dat Wichtegst ofdeckt COMPACT HEALTH
COMPACT HEALTH

COMPACT HEALTH

D’Zousazkrankeversécherung COMPACT HEALTH ass ideal, fir d’Lächer vun der obligatorescher Krankeversécherung ze stoppen. Si gräift am Fall vun engem Spidolsopenthalt, wou Dir vun engem Zëmmer an der 1. Klass profitéiert, genee ewéi bei de Remboursementer fir Zänndokteschkäschten a Brëller oder Kontaktlënsen.

Virdeeler

Behandlungen un den Zänn

Behandlungen un den Zänn, de professionellen Detartrage an Zännprotheese gi mat COMPACT HEALTH besser rembourséiert. Och kiferorthopedesch Behandlunge sinn ofgedeckt.

 

Brëller a Kontaktlënsen

Fir Ären neie Brëll oder och esouguer Är Kontaktlënse kritt Dir all zwee Joer bis zu 250 € rembourséiert. Alternativ ginn och bis zu 250 € fir eng Laseroperatioun un den Aen iwwerholl.

 

Spidolsopenthalt an der 1. Klass

Den Transport an der Ambulanz bis an d’Spidol (bis zu 400 km), d’Käschte fir e stationäre Spidolsopenthalt (och ouni Bedeelegung vun der obligatorescher Krankeversécherung) a medezinesch Leeschtungen, all dat si Käschten, déi Dir iwwer COMPACT HEALTH rembourséiert kritt. Och de Spidolsopenthalt an der 1. Klass, de fräie Choix vum Dokter an d’Behandlungen, bei deenen d’Honorairen iwwerschratt ginn, ginn iwwerholl. 

Rooming-in fir d’Elteren

Wann Äert Kand verséchert ass, kritt Dir d’Käschte vum Rooming-in rembourséiert, sou datt Dir bei Ärem Kand bis zum Alter vun 12 Joer am Spidol iwwernuechte kënnt, ouni Iech wéinst de Käschte Suergen ze maachen. Bei der Gebuert vun engem Kand gëtt och den Openthalt vum Papp iwwerholl.

Dagesindemnitéite fir Spidolsopenthalter

Bei enger Hospitalisatioun kritt Dir nieft dem Remboursement vun all Äre Käschten och nach eng Dagesindemnitéit fir Spidolsopenthalter an Héicht vun 30 €.

Versécherungsschutz a ganz Europa an doriwwer eraus

Dir sidd zu Lëtzebuerg an a ganz Europa d’selwecht verséchert. Och wann Dir ausserhalb vun Europa reest, profitéiert Dir vun engem ganze Mount Versécherungsschutz. 

Dokumenter

Méi gewuer ginn...

Setzt Är Bäiträg vun de Steieren of

 

Dir kënnt d’Primme vun Ärer Krankeversécherung vun de Steieren ofsetzen (nom Artikel 111 L.I.R) an esou manner Akommessteier bezuelen. De Betrag, deen Dir ofsetze kënnt, steet all Joer op Ärem Steiercertificat, deen DKV Luxembourg Iech um Ufank vum Joer gratis zur Verfügung stellt.

 

Entdeckt all Steiererspuernesser

Direkthëllef bei enger schwéierer Erkrankung

 

D’Garantie BEST CARE+séchert Iech am Noutfall of: Dir kritt bannent 5 Schaffdeeg  e Rendez-vous bei engem Spezialist, eng detailléiert Recommandatioun oder en zweeten Avis.
A wann eng Operatioun néideg sollt sinn, gëtt de Rendez-vous fir Iech organiséiert. Loosst Iech am Eeschtfall vu Fachleit behandelen.

 

Entdeckt BEST CARE⁺

Frot de Remboursement vun Äre Gesondheetskäschte mat e puer Klicken un

 

Mat der mobiller Applikatioun easyAPP an dem Clientsberäich easyAPP Home kënnt Dir: de Remboursement vun Ären Dokteschkäschten ufroen, Är Devise fir Behandlunge beim Zänndokter (oder anerer) areechen oder d’Prise en charge vun Ärem Spidolsopenthalt op eng einfach a séier Manéier ufroen.

 

Entdeckt LALUX easyAPP