Déi komplettst Zousazkrankeversécherung EASY HEALTH
EASY HEALTH

EASY HEALTH

EASY HEALTH ass déi Zousazkrankeversécherung mat deene meeschte Leeschtungen, déi Iech erlaabt, d’Liewe méiglechst suergefräi genéissen ze kënnen. 
Ambulant oder stationär Behandlungen? Behandlungen un den Zänn oder den Aen?
Mat EASY HEALTH musst Dir Iech keng Suerge méi iwwer d’Käschte maachen. Dir profitéiert vu méi héije Remboursementer, déi wäit iwwer dem Standard vun der obligatorescher Krankeversécherung leien.

Virdeeler

Brëller a Kontaktlënsen

Fir Ären neie Brëll oder och esouguer Är Kontaktlënse kritt Dir all zwee Joer bis zu 500 € rembourséiert.
Ausserdeem ginn och bis zu 3.000 € fir eng Laseroperatioun un den Aen iwwerholl.

Behandlungen un den Zänn

D’Käschte fir Behandlungen un den Zänn, den Detartrage, Zännprotheesen a kiferorthopedesch Behandlunge gi rembourséiert, och wann déi obligatoresch Krankeversécherung net gräift.

Ambulant Behandlungen

Dës Versécherung deckt ënner anerem medezinesch Leeschtungen, awer och d’Kinesitherapie an alternativ Behandlungsmethoden of. Och d’Leeschtunge vun Hiewane sinn am Katalog vun de Leeschtungen enthalen.

Spidolsopenthalt an der 1. Klass

Iwwerholl gi stationär Behandlunge genee ewéi d’Käschte vum Transport an d’Spidol. Am Spidol gitt Dir als Patient an der 1. Klass vum Chefdokter behandelt an Dir kritt eng Dagesindemnitéit fir de Spidolsopenthalt.

Direkthëllef bei enger schwéierer Erkrankung

Mat der Garantie BEST CARE+ kritt Dir am Noutfall bannent 5 Schaffdeeg e Rendez-vous bei engem Spezialist, eng detailléiert Recommandatioun oder en zweeten Avis. A wann eng Operatioun néideg sollt sinn, gëtt de Rendez-vous fir Iech organiséiert.

Optimale Schutz am Ausland

D’Garantie TRAVEL+ ass automatesch an Ärem Kontrakt abegraff. Dir sidd op Äre Reesen an Europa an op der ganzer Welt verséchert. Am Fall vun engem Accident oder enger Krankheet ginn d’Behandlungskäschten am Ausland iwwerholl.

Informatiounsvideoen

Dokumenter

Méi dozu...

Schützt Äert Kand vu Gebuert un!

 

Schléisst bannent zwee Méint no senger Gebuert eng Zousazgesondheetsversécherung fir Äert Kand of a profitéiert vun enger direkter Affiliatioun, ouni medezinesche Questionnaire.

 

All d’Versécherunge fir Kanner

Frot de Remboursement vun Äre Gesondheetskäschte mat e puer Klicken un

 

Mat der mobiller Applikatioun easyAPP an dem Clientsberäich easyAPP Home kënnt Dir: de Remboursement vun Ären Dokteschkäschten ufroen, Är Devise fir Behandlunge beim Zänndokter areechen oder d’Prise en charge vun Ärem Spidolsopenthalt op eng einfach a séier Manéier ufroen.

 

Entdeckt LALUX easyAPP

Setzt Är Bäiträg vun de Steieren of

 

Dir kënnt d’Primme vun Ärer Krankeversécherung nom Artikel 111 L.I.R vun de Steieren ofsetzen an esou manner Akommessteier bezuelen. De Betrag, deen Dir ofsetze kënnt, steet all Joer op Ärem Steiercertificat, deen DKV Luxembourg Iech um Ufank vun all Joer gratis zur Verfügung stellt.

 

Entdeckt all Steiererspuernesser