Wat ass eng Versécherung mat Dagesindemnitéite fir Spidolsopenthalter?
Am Fall vun engem Spidolsopenthalt musst Dir op näischt verzichten. Dacks bedeit eng Hospitalisatioun eng zousätzlech finanziell Belaaschtung. Mat der Versécherung fir Dagesindemnitéite kënnt Dir dës Belaaschtung ëmgoen. Dir kritt an deem Fall fir all Dag am Spidol déi assuréiert Dagesindemnitéit ausbezuelt an deckt domat déi zousätzlech finanziell Käschten of.